E Sonndeg, den 21. Dezember 2014 hu mir um Chrëschtmaart zu Stengefort op der Gemengeplaz eis Bastelaarbechten fir e gudden Zweck verkaf. Den Erléis vum Stengeforter Chrëschtmaart 2014 gëtt un 2 Organisatioune gespend:
"Make a Wish a.s.b.l." & "Hoffnung fir d'Kanner vun Tschernobyl a.s.b.l."
Zesumme mat de Schülerinnen a Schüler aus deenen anere Klasse vun der Stengeforter Grondschoul an der Equipe aus der Maison Relais hu mir déi 2 Weekender eng Recette vun 3817,51 EUR gemaach (Gewënn: 2331,56 EUR).
Iech all villmools Merci fir ären Asaz fir dëse gudden Zweck!